Coupe des Jeunes 2021

// 04.10.2021

Matt 16 Athletinnen an 10 Athleten an de Kategorien Scolaires resp. Minimes war den CA FOLA zu Dikrech präsent fir de Maximum vu Punkten am Laaf, Sprong a Worf ze sammelen. Um Enn ass eng onerwaart gudd 3. Plaz, béi de Meedercher (7109 P.) hannert dem CELTIC an dem CAEG, souwéi béi de Jongen (5672,6 P.) hannert den CSL an dem CELTIC réaliséiert gin.

An de verschiddenen Disziplinen ass erauskomm eng:

  • 1.Plaz fir Laurie Boever op 80mH (12,97sec) an am Speer (32,09m)MPP; souwéi den Yves Wilmes op 50m (7,01sec)!!
  • 2.Plaz fir Li Libens an der Kurel (8,41m) MPP; Azadeh Majerus (4,52m) MPP; an den Yves Wilmes am Speer (26,26m) MPP.
  • 3.Plaz gouf et fir Ella Boever op 60mH (11,89sec) an am Speer (18,08m) MPP; den Oscar Husting am Héichsprong (1,40m); an fir den Emil Kass am Speer (25,98m) MPP!

Nët ze vergiessen ass Zäit vum Lola Origer op 800m an 2:36,32min (MPP); d’Wéit vun 28,00m (MPP) am Speer vum Yara Wintersdorff, souwéi déi sëlleg nei Beschtleestungen an der Kurel an am Wéitsprong béi de Scolaires Meedercher an am Speer béi den Minimes Jongen.

Félicitatiounen an e grousse MERCI un all eis Athleten fir hiren exemplareschen Asatz an déi exzellent Performance!